Baupfusch bei der SNHBM – Nofro

Een Artikel op rtl.lu vum 5ten August 2022 hat beriicht, dass et bei verschiddene Bauten vun der SNHBM ganz schlëmm Defekter ginn. Rieds ass vu Schimmel, Infiltratiounen, enger schlechter Ventilatioun, déi fir stéckëg Wunnenge suergt, a geschréipste Fënsteren. Am selwechte Wunngebai um Kierchbierg waren 2023 och Stécker vun engem Balkon erofgefall. D’Balkonen kënnen zënterdeem net méi vun de Residenten genotzt ginn, wéi een Artikel op lessentiel.lu et richteg titelt “Privés de balcon, terrasse ou jardin depuis… septembre 2023”.

D’SNHBM hat informéiert, dass si dës Wunnegen net selwer gebaut huet, mee iwwert Sous-Traitant’en, déi sech missten ëm dës Problemer këmmeren. De Minister hat op d’Froen n°6622 a 6625 geäntwert, dass déi zoustänneg Firmen sech ëm déi Mängel géife këmmeren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Problemer am Wunngebai um Kierchbierg mëttlerweil all geléist?

    Falls nee, firwat net a bis wéini kënnen d’Bewunner mat enger Léisung rechnen?
  2. Wéi vill weider Plainten wéinst Defekter a Gebaier vun der SNHBM an dem Fonds du Logement goufen et vu säiten vun de Besëtzer/Emphyteoten a Locatairen vun ëffentleche Wunnengen tëschent 2022 an 2024?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1048

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt