Baugenehmegung, Bauen, Bautekontroll

Beim Wunnengsbau hunn d’Gemenge vill Verantwortung. Esou sinn d’Gemengen zoustänneg fir d’Baugeneemegungen op hirem Territoire. D’Baugeneemegung gëtt ausgestallt, wann ee Bauplang konform ass mat de Gesetzer, Gemengereglementer a groussherzogleche Reglementer, déi an der Matière existéieren.
Mat der Baugeneemegung dierf ee Bauhär dann ufänke mat bauen. D’Gebai muss dann no de Pläng gebaut ginn. No der Fäerdegstellung vum Gebai muss d’Gebai esou stoen, wéi et um Bauplang uginn ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat muss eng Gemeng nom Fäerdegstelle vun engem Wunngebai kontrolléieren? 

  2. Falen ënnert d’Kontrollen duerch d’Gemeng och technesch Aspekter, wéi zum Beispill, dass d’Ofwaasserleitungen esou installéiert sinn, wéi se um Bauplang agezeechent waren?

  3. Wéi muss eng Gemeng handelen, wann de Bau net dem Bauplang entsprécht, fir deen d’Baugeneemegung erdeelt gouf? 

  4. Wéi eng Derogatioune kënne gemaach ginn, wann ee Wunngebai net der Baugeneemegung entsprécht?

  5. Ab wéini kann d’Gemeng fuerderen, dass ee Bau muss ofgeännert ginn, wann en net dem Bauplang entsprécht, fir deen d’Baugeneemegung erdeelt gouf? 

  6. U wie kënnen d’Bierger:innen (zum Beispill concernéiert Noperen) sech wenden, wann si wëssen, dass ee Gebai net der Baugeneemegung entsprécht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 907

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen