Bau vun engem Tunnel op der Péitenger Collectrice (N31)

D’Piraten hu sech an deene leschte Joren fir de Bau vun engem Tunnel ënnert dem Rond-Point beim Lycée LMA agesat, fir den Traffic op de Collectrice (N31 Avenue de l’Europe) ze verbesseren.

Motioun vum Dezember 2022

Financement des grands projets d’infrastructure réalisés par l’État

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Den Trafic op der Péitenger Collectrice (Avenue de l’Europe; N31) hëlt zënter Joren zou a belaascht d’Liewensqualitéit vu ville Mënschen an de Kordallgemengen am Süde vum Land;
  • De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3847 erkläert, dass d’Ënnertunnelung vum Streckenofschnëtt beim Lycée Mathias Adam eng Piste ass, déi schonn 2014 an engem Dossier de Synthèse ausgeschafft gouf;
  • A senger Äntwert op d’Fro n°7082 huet de Minister geschriwwen, dass eng Ënnerféierung vu besotenem Streckenofschnëtt de Verkéier duerch d‘Avenue de l‘Europe zu gewëssen Auerzäiten definitiv méi fléissend géif maachen, ënnert der Bedingung, dass d’Rond-Pointen hannendrun (Richtung Grenz) vergréissert ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Entscheedung ze fällen, fir een Tunnel ënnert dem Rond-point beim LMA ze bauen a weider baulech Moossnamen op der N31 souwéi verkéierstechnesch Moossnamen op der N5 ze huelen, fir d’Traficsituation ze verbesseren.

Demande fir eng Kommissiounssitzung an der Chamber fir d’Meenung vun der Ministesch zum Dossier präsentéiert ze kréien:

Mir géingen Iech bieden, fir dëse Bréif un d’Presidentin vun der Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.

Esou wéi den Artikel 23 (3) vum Chambersreglement et virgesäit, freet eis Sensibilitéit, fir an der nächster Kommissiounssitzung folgende Punkt op den Ordre du Jour ze setzen, dëst am Bäisinn vun der zoustänneger Ministesch:

  • Aktuelle Stand vum Ëmbau vun der Péitenger Collectrice (Avenue de l’Europe N31) betreffend der der Ënnertunnelung vum Streckenofschnëtt beim Lycée Mathias Adam an der Vergréisserung vun de Rond-Pointen a Richtung Grenz, op Basis vum Dossier de Synthèse aus dem Joer 2014.

Parlamentaresch Froen zum Bau vum Tunnel a Verkéiersberouegungsmoossnahmen

https://piraten.lutrafficsituatioun-op-der-peitenger-collectrice/

https://piraten.lukameidi-am-kordall/

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene