Bärbelendag

De 4. Dezember gëtt a ville Südgemengen Bärbelendag gefeiert. Et ass den Dag vun der Schutzpatréinesch vun de Mineuren an dofir ass de Feierdag virun allem a Géigenden, wou et ee Minettofbau gouf, Traditioun. Um Site vum Immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg, dem iki.lu, heescht et zum Bärbelendag:
“D’Traditioun vu Bärbelendag ass den 30. November 2022 vun der Kulturministesch Sam Tanson op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe gesat ginn. […] Well Bärbelendag awer och an anere Länner, ewéi, zum Beispill, a Polen oder Éisträich eng déif verwuerzelt Traditioun ass, kéint geschwënn eng multinational Demande gemaach ginn, fir d’Fest vun der helleger Bärbel och op d’UNESCO-Representativlëscht vun der Mënschheet ze setzen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert den neie Kulturminister d’Beméiung fir d’Klassifizéierung vum Bärbelendag als Kulturierwen op Unesco-Niveau weiderfeieren?

  2. Wou sinn d’Beméiunge fir eng multinational Demande drun? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 85

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene