D’CNS iwwerhëlt fir Erwuessener all 3 Joer respektiv bei engem Changement vun 0,5 vun der Dioptrie. Bei Kanner ass keen Delai vun 3 Joer virgesinn. De Montant, dee vun der CNS iwwerholl gëtt, gëtt an der Konventioun tëscht der Fédération des patrons opticiens et optométristes du Grand-Duché de Luxembourg an der CNS festgehalen. Um Site vun der CNS fënnt een eng Konventioun déi op den 01.01.2021 datéiert ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
An der Konventioun heescht et ënnert dem Artikel 8 :
“”La mise à jour des prix des listes peut se faire une fois par année. Les adaptations sont soumises à l’Union des caisses de maladie avant le 15 octobre de l’année en cause et, en cas d’approbation, prennent effet le 1er janvier de l’année subséquente.””Gouf eng Adaptatioun fir 2022 oder 2023 gemaach?
• Wa jo, firwat huet dës d’Konventioun vun 2021 nach net um Site vun der CNS ofgeléist?
• Wa nee, firwat ass keng Upassung gemaach ginn? Ass de Secteur net vun der allgemenger Inflatiounshausse betraff? -
Wéi hunn sech d’Montanten, déi d’CNS rembourséiert, an deene leschte 5 Joer entwéckelt? Ëm wéi vill Prozent sinn dës all Joers respektiv mat all Upassung vun der Konventioun gehéicht ginn?
-
Wéi vill Prozent vum Präis vun engem Glas sinn duerch de Remboursement vun der CNS gedeckt? Wéi huet sech dëse Montant an deene leschte 5 Joer entwéckelt?
QP Nummer 8074