Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Bachelor- a Masterstudium op der Uni.lu mam Prädikat “of Science” – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Bachelor- a Masterstudium op der Uni.lu mam Prädikat “of Science”

D’Psychologiestudente vun der Uni.lu goufen dëse September informéiert, datt de Bachelor- a Masterstudium de Prädikat “of Science” verléiert, wat bei de Studenten, de Studiendirekteren an den Experten zu grousser Veronsécherung féiert. D’Héichschoulministesch argumentéiert, datt dëst op Basis vum Héichschoulgesetz vun 2023 geschitt, well den “of Science” Prädikat net an der Lëtzebuerger Nomenklatur virgesinn ass.

Dobäi huet eis Uni.lu sech an deene leschte Joren e weltwäit Renommée opgebaut a grad de Psychologiestudium zitt eng grouss Zuel un internationale Studenten un. De Wiessel vum Numm ka vun auslännesche Studenten oder Experten als Ofwäertung vum Studium interpretéiert ginn. Den “of Science”-Prädikat ënnersträicht déi wëssenschaftlech a riguréis Approche, déi Psychologiestudente wärend hirem Studium léieren. D’Situatioun gëtt duerch d’Ëmsetzung nach méi verworren, well verschidden Dokumenter de Prädikat nach opweisen, anerer net méi.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Firwat gouf dës Entscheedung grad elo geholl, wou den “of Science” Zousaz scho säit 2019 um Diplom steet – nodeem d’Nomenklatur (28. Oktober 2016) an d’Universitéitsgesetz (27. Juni 2018) schonn a Kraaft waren?
  2. Wéi steet d’Ministesch zu der Ausso vun den Experten, datt dës Ännerung eng Ofwäertung vum Studium duerstellt a potentiell negativ Konsequenze fir d’Unerkennungen am Ausland kéint hunn?
  3. Firwat gëtt de Prädikat “of Science” verbueden, wa laut Ministère dësen net explizit am Gesetz verbueden ass?
  4. Wéi erkläert d’Ministesch d’Inkohärenz an der aktueller Ëmsetzung:
    • Firwat steet den “of Science” nach am Modulhandbuch 2024/2025?
    • Firwat gouf de Prädikat beim Bachelor “attestations de réussite” bäibehalen awer beim Master gestrach?
    • Wéi eng Garantie hunn d’Studenten, déi virum Wantersemester 2024 ugefaangen hunn, datt hire Prädikat erhale bleift?
  5. Ass d’Ministesch sech bewosst, datt dës Entscheedung d’international Visibilitéit vun der Uni.lu an d’Attraktivitéit fir auslännesch Studente ka beaflossen? Gouf eng entspriechend Impakt-Analys gemaach?
  6. Wéi eng Prozedur gouf festgeluecht fir ze garantéieren, datt d’Studenten op Basis vum “diploma supplement” eng adequat Unerkennung vun hirem Studium kréien? Garantéiert d’Ministesch datt dëst international genau esou akzeptéiert gëtt wéi de Prädikat “of Science”?
  7. Wéi eng Mesuren si virgesinn, fir déi aktuell Studenten ze ënnerstëtzen déi elo eventuell zousätzlechen Opwand musse bedreiwe fir hir wëssenschaftlech Qualifikatioun nozeweisen?
  8. Gouf de Conseil de l’Université zu dëser Fro consultéiert?
    • Falls jo, wat war hir Positioun? 
    • Falls nee, firwat net?
  9. Gedenkt d’Regierung d’Lëtzebuerger Nomenklatur unzepassen, fir se méi kompatibel mat internationale Standarden ze maachen? Falls nee, firwat net?
  10. Am Artikel gëtt erwäänt datt d’Uni reegelméisseg op d’Nomenklatur opmierksam gemaach gouf – kann d’Ministesch präziséiere wéini a wéi dëst geschitt ass?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll