Avis juridique zum Heescheverbuet

Den Inneministère huet am Kader vum Heescheverbuet de 24ten Januar een Avis juridique an Optrag ginn, fir d’Rechtméissegkeet vu der Decisioun vum 11ten Dezember ze préiwen. Den Avis juridique ass vun der selweschter Etüd erstallt ginn, déi och d’Staat Lëtzebuerg an hirem Kampf fir d’Heescheverbuet viru Gericht sollt vertrieden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op Basis vu wéi enge Krittären huet den Inneministère entscheet, bei dëser Etüd den Avis juridique unzefroen?

  2. Wéi vill huet dësen Avis kascht?

  3. Huet den Inneminister hei keen Interessekonflikt gesinn, vue dass d’Etüd schonn d’Staat Lëtzebuerg an dësem Dossier als Clientë vertrueden huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 274

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen