Avis de marché fir VFS Global

Am Rapport vun 2022 erkläert den Ombudsman datt et Problemer ginn ass mat der Firma VFS Global. Dës huet Visae fir d’Lëtzebuerger Ambassade zu New Delhi an Indien ausgestallt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zënter wéini ass VFS Global de Soustraitant fir d’Ambassade zu New Delhi?

  2. Wéi vill huet d’Ambassade säit dem Ufank vum Kontrakt VFS Global all Joers fir hir Déngschter bezuelt (opgelëscht no Joer)?

  3. Gouf et hei fir den Traitement vu Visasdemanden an Indien een Avis de marché? Wa jo, kann de Minister hei d’Konditioune virleeën, déi deemools gefrot ware fir den Zouschlag ze kréien? Hunn sech nach aner Firmen op dësen Avis gemellt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1016

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt