A menge parlamentaresche Froen n°614, 1266, 1484 an 2300 hat ech mech bei den zoustännege Ministeren informéiert wéi vill Persounen hei am Land hier Avertissements taxés net bezuelen. An detailléierten Tabelle konnt een esou zum Beispill erausfannen, datt an de Joren 2013 bis 2019 Protokoller am Wäert vu ronn 20 Milliounen Euro net direkt bezuelt goufen, ma iwwert den Instanzewee vun der Justiz missten agedriwwe ginn, wouduerch net kloer ass, wéi vill Sue letztendlech onbezuelt bleiwen. Eleng fir d’Joer 2019 si 5 Milliounen Euro un Avertissements taxés net direkt bezuelt ginn.
Et erlaabt sech de Constat ze maachen, ob et bei verschiddenen Infraktiounen net méi sënnvoll wär no Alternativen ze sichen, déi méi effektiv sinn ewéi eng Geldstrof, déi iwwert d’Justizinstanzen, déi selwer warscheinlech oft méi Sue kaschte wéi d’Geldstrof selwer. An deem Aspekt gouf jo de Gesetzesprojet 7126 vun der Regierung an der Chamber deposéiert, fir kleng Inzivilitéiten, dorënner och Falschparken, méi effektiv kënnen ze bestrofen.
Géint Falschparker existéiert haut awer och schonns eng Léisung, déi genotzt kéint ginn, fir d’Andreiwe vu Geldstrofe méi effektiv ze maachen. Et handelt sech ëm d’Radkrall (och Pince genannt), déi genotzt gëtt fir Gefierer z’immobiliséieren. Den Effekt vun esou enger Krall ass net z’ënnerschätzen, well de Proprietär vun engem Gefier net nëmmen eng Geldstrof ze bezuele kritt, mee och Zäit dofir opwänne muss, säi Gefier erëm entspaart ze kréien. Des Weidere gesäit a spiert d’Persoun d’Gewiicht vun der Sanktioun, wat warscheinlech zu engem bessere Léiereffekt féiert wéi bei enger renger Geldstrof.
Am Code de la Route steet, datt d’Police an d’Douane däerfen een Auto mat engem “système mécanique” immobiliséieren. D’Gemengegesetz hält am Artikel 99 fest, dass d’Gemengebeamten däerfen Avertissements taxés géint Falschparker ausstellen. Virun allem d’Gemengebeamten (Pecherten), déi all Dag um Terrain Widderhuelungstäter ausfënneg maachen, kéinte méi vun dëser Krall Gebrauch maachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Mol hu Policebeamten an deene leschten 3 Joer (opgelëscht no Joer) ee Gefier mat enger Pince immobiliséiert?
-
Wéi vill Mol hu Beamte vun der Douane an deene leschten 3 Joer (opgelëscht no Joer) ee Gefier mat enger Pince immobiliséiert?
-
Wéi vill Mol hu Gemengebeamten an deene leschten 3 Joer (opgelëscht no Joer) ee Gefier mat enger Pince immobiliséiert?
QP Nummer 2781