A menge parlamentaresche Froen n°614, 1266 a 1484 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert net bezuelten Avertissements taxés (AT) befrot a krut heizou detailléiert Tableaue mat Zuele presentéiert, déi opschléisse loossen, dass Problemer beim Andreiwe vun den ATen existéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Fir d’Joer 2019 an 2020, opgelëscht no Unzuel a Montanten
• wéi vill Avertissements taxés goufen opgestallt?
• wéi vill sinn der bezuelt ginn?
• wéi vill sinn net bezuelt ginn?
• wéi vill Avertissements taxés si fräiwëlleg bezuelt ginn, nodeems de Parquet saiséiert gouf?
• wéi vill Ordonnances pénales goufen op Basis vun net bezuelten ATen geschwat?
• wéi vill Ordonnances pénales goufe bezuelt?
• wéi vill Ordonnances pénales si duerch Contrainte par corps geläscht ginn?
• wéi vill Ordonnances pénales goufen ni bezuelt a si geläscht ginn? -
Goufe vun der Regierung an der Justiz am leschte Joer Ustrengunge gemaach, fir d’Andreiwe vun den ATen ze verbesseren? Falls jo, wéi eng?
-
An der Äntwert op d’Fro n°1484 kann een am Tableau erausliesen, dass bei den Ordonnances pénales exekutéiert duerch contrainte par corps den Taux un Net-Residenten zimmlech geréng ass (+/– 10%). An de Fro n°614 hat d’Regierung geäntwert
“”Ausserdeem kann de Parquet général fir Net-Residenten vun der kompetenter auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangen dat lëtzebuergescht Uerteel ze exekutéieren.””• Firwat ass dësen Taux iwwert d’Joren ewech esou niddreg?
• Fir d’Joren 2013 bis 2020, bei wéi vill ATen huet de Parquet vun enger auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangt, dat lëtzebuergescht Urteel ze exekutéieren a wéi vill Recettë konnten esou agedriwwe ginn?
• Fir d’Joren 2013 bis 2020, wéi vill a wéi eng auslännesch Geriichtsautoritéiten hu vun der lëtzebuergescher Justiz verlaangt een Urteel am Bezuch mat engem onbezuelten AT am jeeweilegen Ursprongsland zu Lëtzebuerg anzedreiwen?
QP Nummer 2300