Autorisation d’exercer

No de Revelatioune ronderëm eng Rei Dokteren, déi am Ausland verurteelt waren an d’autorisation d’exercer verluer haten, ass bekannt ginn, datt dës Dokteren zum Deel weider zu Lëtzebuerg hire Beruff ausübe géifen, op Grond vun enger vum Ministère ausgestallten Autorisatioun. Gläichzäiteg schéngt et esou, wéi wann de Ministère dës Autorisatiounen nëmme mat vill Retard, wann iwwerhaapt, géif annuléieren, dëst obwuel dës Dokteren am EU-Ausland rechtskräfteg verurteelt goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi ville Fäll, opgeschlësselt no Joer a Grond, huet de Ministère zanter 2018 eng autorisation d’exercer oferkannt?

  2. Wéi laang dauert esou eng Prozedur an der Moyenne?

  3. Ass d’Madamm Ministesch zefridde mat dëse Prozeduren? Falls nee, wat géif Sie proposéieren z’änneren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7716

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt