Autorisation d’établissement op MyGuichet

D’Plattform MyGuichet.lu ass dat zentraalt Instrument fir d’digital Erleedege vun administrative Prozedure fir Bierger an Entreprisen. D’Méiglechkeet, dës Demarchen an den dräi administrative Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) oder op d’mannst och op Englesch ze maachen, ass essenziell fir d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg an d’Benotzerfrëndlechkeet.
Wéi eis awer matgedeelt gouf, schéngen net all Prozeduren dësem Prinzip vun der Méisproochegkeet ze follegen. Als Beispill gouf d’Prozedur fir d’Erweiderung vun enger Etablissementsgenehmegung (autorisation d’établissement) genannt, déi sech u Betriber riicht. Dës Demarche ass, mat Ausnam vun de Knäppercher “Rückkehr”, “Später Fortfahren” a “Weiter” exklusiv op Franséisch disponibel. Dëst stellt eng signifikant Barriär duer fir Entrepreneuren, déi dëser Sprooch net mächteg sinn, a widdersprécht dem Zil vun enger zougänglecher digitaler Verwaltung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Madamm Minister confirméieren, dass d’MyGuichet-Demarche fir d’Erweiderung vun enger Etablissementsgenehmegung (Secteur PME) aktuell nëmmen op Franséisch disponibel ass?

  2. Wéi vill administrativ Prozeduren, déi sech u Betriber riichten, sinn op MyGuichet aktuell net op d’mannst op Franséisch an Däitsch verfügbar?

  3. Wéi vill vun dëse Prozedure sinn net op Englesch verfügbar, obwuel si sech un en internationalen (Entrepreneurs-)Publikum riichten?

  4. Wat sinn déi technesch oder juristesch Grënn dofir, dass bei dëse wichtege Prozedure vum Prinzip vun der Méisproochegkeet ofgesi gouf?

  5. Wat ass den Zäitplang vun der Regierung, fir sécherzestellen, dass all relevant Demarchë fir Entreprisen op MyGuichet op d’mannst op Franséisch, Däitsch an Englesch ugebuede ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3186

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë