D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt, d’Innovatioun an der Automobilitéit ze ënnerstëtzen, andeems d’Technologien, déi fir d’Realisatioun vum autonome Fuere gebraucht ginn, reglementéiert solle ginn.
Am Automobilsecteur ginn et schonn Autoen ze kafen, déi d’autonoomt Fueren op drëtter Stuff erméiglechen a bei eisem däitschen Noper krute verschidden Autosmodeller d’Fueren op der Stuff 3 vum Kraftfahrtbundesamt accordéiert.
A menge Froen n°508, 5093 a 5403 hat ech gefrot, ob déi lëtzebuergesch Stroossen fir d’autonoomt Fueren gëeegnet sinn. Aus den Äntwerte vum Minister war z’interpretéieren, dass virun allem d’Autobunnen, wéinst dem héije Standard an der Stroossebeschëlderung an de Fuerbunnmarkéierungen, am fuertüchtegtste fir autonom Autoe sinn. Op villen anere Stroossen hunn dës Autoen awer aktuell nach mat Problemer ze kämpfen, well eng schlecht Beschëlderung, mangelhaft Stroossemarkéierungen oder d’Presenz vu Chantieren de Bordinstrumenter Problemer bereeden. Och Assistenzsystemer, wéi de Spurhalteassistent, stoussen domadder op Hindernisser.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi wäit sinn déi lëtzebuergesch Stroossen op autonom-fuerend Autoen preparéiert?
- Sinn all eis Autobunnsstroossen esou ausgeluecht, dass een autonom-fuerenden Auto sécher hei kann zirkuléieren?
Sinn all eis Nationalstroossen esou ausgeluecht, dass een autonom fuerenden Auto sécher hei kann zirkuléieren?
Sinn all d’CRen esou ausgeluecht, dass een autonom fuerenden Auto sécher hei kann zirkuléieren? - Wéi vill Stroossen oder wei vill Prozent vun eise Stroossen si fir ee séchert d’autonoomt Fueren geegent?
- Bis wéini rechent d’Ministesch, dass d’autonoomt Fueren op drëtter Stuff, op mannst op den Autobunnen souwéi den Nationalstroossen méiglech ass?
- 2018 gouf et ee grenziwwerschreidende Projet tëschent Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich (5GCroCo; https://5g-ppp.eu/5gcroco/).
Wat sinn d’Resultater vun dësem Projet?
Wéi eng Hindernisser goufen zu Lëtzebuerg am Kader vun dësem Projet entdeckt?
Fro Nummer 1123
Mir hunn nach eng mëndlech Fro an der Chamber zur Fuerbunnmarkéierung gestallt:
https://www.chd.lu/fr/question/27987
Fro n°151