Automatesch Upassung vum Steierbarème

Context:

Gesetzesprojet 8342

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Mat all Indextranche kritt een 2,5% um Bruttoloun bäi, mee Netto bleiwe keng 2,5% Kafkraaft iwwreg, well eng Persoun mat all Erhéijung méi Steiere muss bezuelen (=kal Progressioun);
  • Zënter der leschter Steierreform 2017 sinn aacht Indextranchë gefall a mam Gesetzesprojet 8342 gëtt de Steierbarème vun der Akommessteier ëm véier Indextranchen ugepasst;
  • Fir ze verhënneren, dass d’Upassunge Joren ze spéit duerchgefouert ginn, misst de Steierbarème an Zukunft järlech un d’Indextranchen ugepasst ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. an dëser Legislatur ee Gesetzesprojet op de Wee ze bréngen, fir d’Indexéierung vum Steierbarème z’automatiséieren, mam Zil, dass de Barème Ufanks vun all Joer um Stand vum leschten Index um 31.12 ugepasst gëtt.

Eis Motioun ass vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent ginn.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt