Auto-Fuerpark vum Staat a Regierung

D’Thema vun der Elektromobilitéit ass grad méi wéi jee en wichtegt Thema an der Aktualitéit. Dozou goufen et och scho verschidde parlamentaresch Froen an der Vergaangenheet, wéi zum Beispill meng parlamentaresch Froen n°347, 1915, 3746 oder 7161. Hei huet d’Regierung Informatiounen iwwert de Fuerpark beim Staat vun den Autoe vun der Regierung geliwwert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Beim Staat:
    1. Wéi héich waren d’Ausgabe fir de Fuerpark vun den eenzele Ministèren am Joer 2023?
    2. Wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Verbrennungsmotor goufen 2023 fir de Fuerpark vum ëffentlechen Déngscht kaf?
    3. Wéi vill Autoe mat engem Verbrennungsmotor, wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Hybriduntrieb befannen sech, opgeschlësselt no Ministère, aktuell am Fuerpark vum Staat?
    Wéi gesäit de relativen Undeel vun all Zort Untrieb am Verglach zum Total aus?
    4. Opgelëscht no Ministère, wéi vill Autoe sinn 2023 verschrott ginn?

  2. Zum Fuerpark vun der Regierung:
    1. Wéi vill Autoe befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung?
    2. Wéi vill Liter/100km verbraucht de Fuerpark (Duerchschnëtt+Median)?
    3. Wéi vill PS huet de Fuerpark vun der Regierung (Duerchschnëtt+Median)?
    4. Wéi vill Emissioune CO2 stéisst de Fuerpark vun de Regierungsmemberen aus a wéi huet sech dësen entwéckelt zënter 2022?
    5. Wéi vill reng Elektroautoe befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung?
    6. Wéi vill Budget huet all Minister fir de Kaf vun engem neien Auto?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 464

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene