Autoe vu Ministeren

Ministere kréien hei am Land Autoe vum Staat zur Verfügung gestallt. An der Äntwert op meng Fro n°1825 huet d’Regierung erkläert, dass dës Déngschtween dem Staat gehéieren an net dem Minister an och keen Deel vum Traitement vun engem Minister sinn. D’Autoe kënne souwuel fir offiziell wéi och fir privat Zwecker benotzt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Steieramt verlaangt vu normale Beschäftegten, dass fir een Déngschtauto ee Faartebuch gefouert gëtt, wou och deklaréiert ass, wann den Auto privat genotzt gëtt. Ginn esou Faahrtebicher och fir d’Autoe vum Fuerpark “Voitures de Service au Garage de Gouvernement” gefouert?

  2. Falls si kee Faartebuch musse féieren, wéi musse Ministeren hir Faarten da steierlech deklaréieren?

  3. Kréien d’Ministere fir hir Faarten och sougenannten Tankkaarten zur Verfügung gestallt? Wa jo, musse si déi bei de Stéieren uginn, respektiv kréien si duerch hir Tankkaart steierlech Virdeeler erméiglecht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7128

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt