Autismusdiagnose bei Kanner a Jonken

Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen,eng dovunner ass d’FAL. Dëst sot rezent RTL géintiwwer, dass een am Moment bei enger Waardelëscht vu 4 Joer géif leien. D’Fondation Autisme Luxembourg krut laut eegenen Aussoen d’lescht Joer 398 Demandë vu Persounen am Kader vun enger Diagnos. Dovunner hätten der awer just 123 kënnen traitéiert ginn, also net emol en Drëttel vun den Demanden. De Grond fir dës laang Waardezäit wier e grousse Mangel u Ressourcë bei enger ëmmer méi grousser Demande am Land. Si wieren an deem Kontext dann och an enkem Kontakt mam Educatiounsministère. Grad bei klenge Kanner a Jonker ass eng séier a fréi Diagnos awer wichteg, fir hinnen doduerch fir d’Zukunft déi beschte Perspektiven ze erméiglechen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat goufen hei net fréizäiteg méi Ressourcen zur Verfügung gestallt, wëssend dass d’Demande zënter Joren erop gaang ass, fir esou laang Waardezäiten ze vermeiden?

  2. Wat gedenkt d’Regierung ze maachen, fir méiglechst séier d’Diagnostikkapazitéiten ze erhéijen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 740

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene