Autismusdiagnose bei Kanner a Jonken – Nofro

Ech hat an der Vergaangenheet mat der Fro n° 740 Froen zu den Autismusdiagnosen bei Kanner a Jonke gestallt. An der Äntwert op d’Fro huet d’Ministesch mir zwar Erklärungen zum Depistage ginn, awer net op déi eigentlech Froe geäntwert.  Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen, eng dovunner ass d’FAL, déi rezent RTL géintiwwer sot, dass een am Moment bei enger Waardelëscht vu 4 Joer géif leien. D’Fondation Autisme Luxembourg krut laut eegenen Aussoen d’lescht Joer 398 Demandë vu Persounen am Kader vun enger Diagnos. Dovunner hätten der awer just 123 kënnen traitéiert ginn, also net emol en Drëttel vun den Demanden. De Grond fir dës laang Waardezäit wier e grousse Mangel u Ressourcë bei enger ëmmer méi grousser Demande am Land. Si wieren an deem Kontext dann och an enkem Kontakt mam Educatiounsministère. Grad bei klenge Kanner a Jonker ass eng séier a fréi Diagnos awer wichteg, fir hinnen doduerch fir d’Zukunft déi beschte Perspektiven ze erméiglechen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat goufen hei net fréizäiteg méi Ressourcen zur Verfügung gestallt, wëssend dass d’Demande zënter Joren erop gaang ass, fir esou laang Waardezäiten ze vermeiden?

  2. Wat gedenkt d’Regierung ze maachen, fir méiglechst séier d’Diagnostikkapazitéiten ze erhéijen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1013

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt