Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Auswierkungen vu Kaméidi

Den europäesche Rechnungshaff huet rezent an engem Rapport op déi negativ Auswierkungen vu Kaméidi op d’physesch a mental Gesondheet vun de Bierger higewisen. De Rapport ënnersträicht, datt dëse Problem an Europa nach ëmmer ënnerschat gëtt an net genuch Moossname geholl ginn, fir de Kaméidipegel ze reduzéieren.
D’Belästegung duerch Kaméidi ass net nëmmen e lokale Problem, mee betrëfft och eis Nopeschlänner. Fir d’Liewensqualitéit an d’Gesondheet vun eise Bierger ze schützen, ass et wichteg, datt mir zu Lëtzebuerg eng Virreiderroll anhuelen an e besonnesche Schwéierpunkt op d’Präventioun an d’Reduktioun vun der Belästegung duerch Kaméidi leeën. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossname gedenkt d’Regierung ze huelen, fir de Kaméidipegel zu Lëtzebuerg nohalteg ze reduzéieren a wéi eng Zesummenaarbecht gëtt et mat den Nopeschlänner an dësem Beräich?

  2. Ginn et aktuell Etüden iwwer d’Auswierkunge vu Kaméidi op d’Gesondheet zu Lëtzebuerg a wéi gedenkt d’Regierung dës Erkenntnisser an hir Politik anzebauen?

  3. Wéi kann d’Regierung sécherstellen, datt d’Gemengen an d’Entreprisen hir Verantwortung iwwerhuelen, fir de Kaméidi an hire Beräicher ze reduzéieren, a ginn et Pläng fir méi streng Grenzwäerter anzeféieren?

  4. Wéi gedenkt d’Regierung d’Sensibiliséierung an d’Opklärung vun de Bierger iwwer d’Gefor vu Kaméidi ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1803

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll