Austauschprogramm mat aneren Europaschoulen

Enseignanten hei am Land hunn d’Méiglechkeet iwwert ee Programm fir “Enseignants détachés” beim Educatiounsministère unzefroen, fir eng Réi Joren an engem anere Land an enger Europaschoul z’enseignéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Enseignantë sinn am Moment an d’Ausland detachéiert?

  2. Kann de Minister Detailer zu dëser Prozedur ginn? 

  3. Um Site vum Bureau du Secrétaire général des Ecoles européennes kann een noliesen, mat wéi enge Schoulen esou een Austauschprogramm besteet. Am Moment ginn um Site Schoulen aus Däitschland, der Belsch, Spuenien, Italien an Holland als méiglech Ziler genannt. • Op Basis vu wéi engen Accorden goufen dës Partenariater ofgeschloss? • Wat fir Krittäre ginn et fir esou ee Partenariat?

  4. Kënnen esou Partenariater nëmmen an akkreditéierten Europaschoulen ofgeschloss ginn?  Wa jo, firwat?  Wier et net och intressant, fir dëse Programm op net akkreditéiert Schoulen auszewäiten, falls dëst net schonn de Fall ass?

  5. Ass geplangt, d’Unzuel vu Partenariater nach mat weidere Schoulen a Länner auszebauen?  Wa jo, lafen zu dem Thema am Moment Gespréicher?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6248

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen