Ausspionéiere duerch Pegasus (partie urgente)

Laut den Erkenntnisser vun engem internationale Journalistennetzwierk, deenen, ënnert anerem, Journaliste vun der Süddeutsche Zeitung an The Guardian ugehéieren, wier d’Trojaner-Software “Pegasus” op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt ginn.

D’Software gëtt vun der israelescher Firma NSO ugebueden an ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn. Den ëffentlech zougänglechen Informatiounen no kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer effektiv ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien. Wëssenswäert ass och, dass dës israelesch Firma eng Filial zu Lëtzebuerg huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere Relatiounen tëschent der Firma NSO an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen? 

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass och Journalisten, Aktivisten oder Politiker zu Lëtzebuerg vun dësem Iwwerwaachungsskandal betraff sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4685

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt