Iessen no 21 Auer heem liwweren? Onkloerheeten bei der Ausgangsspär

Zënter bal engem Mount sinn d’Restauranten an d’Caféen hei zu Lëtzebuerg coronabedingt zou. Den Take-Away an d’Liwwerung vun Iesse bleiwen awer nach erlaabt. Konsequenterweis hu vill Restaurateuren sech an der zweeter Coronawell alt nees ëmgestallt an hiert Geschäft op Liwwerungen an Take-Away spezialiséiert.

Mam neie Covid-Gesetz, dat zënter dem 26ten Dezember a Kraaft ass, gouf elo och nach d’Ausgangsspär op 21 Auer erofgesat. Dëst stellt vill Restaurateuren hei am Land virun Onkloerheeten, well si net wëssen, ob si no 21 Auer nach dierfe Liwwerungen ausféieren oder ob d’Kichen zu där Auerzäit zou muss sinn. Verschidde Restaurateuren, déi d’Police kontaktéiert hunn, fir sech iwwert d’Bestëmmungen ze informéieren, krute gesot, datt d’Ausgangsspär ze respektéiere wier a si hire Aktivitéiten net no 21 Auer kéinten duerchféieren. 

D’Ministere fir Mëttelstand a Gesondheet haten der Chamber awer verséchert, datt d’Restaurateuren och wärend der Ausgangsspär normal weiderschaffe kéinten. Och d’Horesca informéiert d’Restaurateuren, datt se wärend der Ausgangsspär kënne weider liwweren.

Mir hunn de Minister eng urgent parlamentaresch Fro gestallt, fir Kloerheet fir d’Restaurateuren ze kréien:

  1. Kënnen d’Ministeren erklären, wéi d’Ausgangsspär sech op d’Restauratiounsbetriber auswierkt, déi hiert Iesse liwwere loossen? Däerfen d’Restaurateuren nach no 21h00 Iessen heem liwwere oder net?
  2. Plangen d’Ministeren d’Ëffentlechkeet geziilt iwwert déi aktuell Bestëmmungen z’informéieren, fir Widdersprëchlechkeeten ze vermeiden?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3368

Äntwert vum Minister

  1. Beim lmpakt vun der Ausgangsspar op d’Restauratiounsbetriber muss een tëschent “Take-away” a Liwwerservice differenzéieren

Beim “Take-away” hëlt de Client seng Bestellung beim Restaurateur selwer of. Well Deplacementer am ëffentleche Raum tëschent 21.00 Auer a 6.00 Auer verbuede sinn an den “Take-away” net ais valabele Grond fir een Deplacement gëllt, daerf de Client no 21.00 Auer net méi op d’Méiglechkeet vum “Take-away” zréckgraifen.

Beim Liwwerservice kritt de Client seng Bestellung vum Restaurateur heem geliwwert. De Restaurateur liwwert also am Kader vu senger berufflecher Aktivitéit aus. Deemno ass de Liwwerservice och nach no 21.00 Auer méiglech.

2. D’Generaldirektioun fir Mëttelstand huet am Kader vum Couvre-feu de Secteur iwwert dës Mesuren an hiren lmpakt an d’Bild gesat. No Ofsprooch mam Ministère huet d’HORESCA am dësem Zesummenhank och un de Secteur kommunizéiert.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat