Ausschreiwungen op govjobs.lu

Op der Plattform “Govjobs.lu” ginn Aarbechtsplazen fir den ëffentlechen Déngscht publizéiert, ënnert Anerem déi fir d’„mobilité interne“, also wann ee Staatsbedéngschteten sech op eng aner Verwaltung oder Ministère wëll mellen. Fir ee faire Rekrutementsprozess ze garantéieren, deen all Zweiwel vu Favoritismus ausschléisst, ass et wichteg, dass souwuel extern souwéi intern Kandidat:innen hir Chance kréien, fir sech kënnen ze bewerben an ze beweisen. 

  1. Huet de Minister Statistiken, opgelëscht pro Joer zënter 2017, zu der Dauer, wéi laang d’Annoncen op govjobs.lu publizéiert ginn (Duerchschnëtt, Median, Maximum, Minimum)? 
    Wéi erkläert sech, dass et ënnerschiddlech Delaië fir de Recrutement interne ginn?
  2. Wéi vill Beamten hunn an de leschte 5 Joren, opgeschlësselt pro Joer, vum Recrutement interne Gebrauch gemaach? 
  3. Wéi vill Persounen, déi iwwert de Recrutement interne de Posten gewiesselt hunn, sinn an de leschte 5 Joren (opgeschlësselt pro Joer) bannent dem nämmlechte Ministère gewiesselt?
  4. Wéi vill extern Kandidat:innen goufen an de leschte 5 Joren, opgeschlësselt pro Joer, agestallt? 
  5. Wéi gëtt de Scoring vun de Kandidaten gemaach, éiert eng Kandidatlëscht bei déi zoustänneg Verwaltung weidergeschéckt gëtt?
  6. Op der Plattform govjobs.lu vum CGPO fënnt een aktuell keng Statistiken, wéi zum Beispill zu den uewendriwwer gefrotenen Donnéeën. Wëll d’Regierung esou Statistiken publizéieren a falls nee, firwat net?

CHD

Fro n°1331

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene