Ausgabe vun de Ministèrë fir Annoncen an Publicitéiten an de soziale Medien

D’Benotze vu Social Media zu Promotiounszwecker ass hautzedaags een essentiellt Element vun all Publicitéit. Och an der Politik si Social Media Konten nëtzlech, fir am Austausch mat der Gesellschaft ze sinn. Ministeren an hier Verwaltunge schalte reegelméisseg Annoncen an Publicitéiten op Social Media, fir d’Bevëlkerung op Projeten oder Ännerungen opmierksam ze maachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei héich ass de Budget insgesamt fir d’Profiller an d’Promotioun vun de Ministèren op Social Media? 

  2. Wéi ass dëse Budget op déi verschidde perséinlech Profiller vun de Ministèren/Ministeschen opgedeelt?

  3. Wéi vill ëffentlech Gelder hunn déi eenzel Ministèrë säit Ufank 2014 fir Annonce a Publicitéite fir hir Konten op Social Media ausginn (opgelëscht no Joer, Ministère an no Medium)? 

  4. Wéi vill ëffentlech Gelder hunn déi eenzel Ministeren a Ministesche säit Ufank 2014 fir Annonce a Publicitéite fir hir perséinlech Konten op Social Media ausginn (opgelëscht no Joer an no Medium)?

  5. Wéi vill ëffentlech Gelder hunn déi eenzel Ministèrë säit Ufank 2014 fir extern Beroder a sougenannten “Content Creators” hisiichtlech dem Contenu op hire Konten op Social Media ausginn (opgelëscht no Joer, Ministère respektiv Minister an no Medium)? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5849

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene