Kein Anschluss unter dieser Nummer – Ausfall vum Noutruff

Op zdf.de beriicht een Artikel vum 29te September, dass op e puer Platzen an Däitschland d’Noutruffnummeren net méi iwwert d’Mobilfunknetz konnten erreecht ginn. D’Pann ass direkt op e puer Platzen opgetrueden. Iwwert d’Grënn vun der Pann wollte weder d’Mobilfunkbedreiwer, nach d’Autoritéiten eng Angab maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass ee bei de Rettungsdéngschter um Courant vun där Pann an eisem Nopeschland an ass een am Austausch mat den däitschen Autoritéiten, fir d’Ursaache vun der Pann gewuer ze ginn?

  2. Kann ausgeschloss ginn, dass dëse Problem och zu Lëtzebuerg kéint optauchen?

  3. Wéi eng technesch Sécherheetsmoossname ginn hei am Land agesat, fir dass et net zu esou engem Ausfall kéint kommen?

  4. Existéieren nieft de klasseschen Noutruffnummeren nach aner Nummeren, déi am Fall vun engem Ausfall kéinte fir een Noutruff benotzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5029

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen