FRO.LU: Ausbezuelunge vun der Assurance Dépendance

Dës Fro gouf iwwert fro.lu gestallt.

Vill Persounen zu Lëtzebuerg sinn op d’finanziell Ënnerstëtzung vun der Assurance Dependance ugewisen. Grad fir sozioekonomesch benodeelegt Menage kann eng Verzögerung vun den Ausbezuelunge vun der Assurance séier zu engem finanzielle Problem ginn. 

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Sozialversécherung dës Froe gestallt:

  • Wat war dee fréisten Dag am Mount, un deem an de leschten 3 Joer d’finanziell Ënnerstëtzung vun der Assurance Dependance ausbezuelt gouf?
    Wat war dee spéitsten Dag am Mount?
  • Wier et méiglech ee festen Dag fir d’Ausbezuelunge festzeleeën? Falls net: Wisou net?
    Wär et méiglech de concernéierte Persounen zumindest 2-3 Méint am viraus scho matzedeelen, wéi Datumer vun de kommenden Ausbezuelunge sinn – esou wéi dat aktuell och schonns bei der Caisse nationale d’assurance pension (CNAP) de Fall ass?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt