Ausbau vu Foyeren

De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng vun de Recommandatioune vum Okaju ass eng méi individuell Betreiung “droits de l’enfant by design” vun de Kanner an de Flüchtlingsstrukturen. Ufanks Januar gouf bekannt, dass am Gebai T um Kierchbierg bis zu 1167 Better sollen opgebaut ginn. Esou grouss Strukture maachen eng individuell Betreiung awer quasi onméiglech. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn d’Pläng vum Ausseministère a Punkto Ausbau vun de Foyere fir d’Joer 2023?

  2. Wéi eng Unzuel un Better viséiert de Ministère an deene verschiddene Strukturen (opgelëscht no Gebai)?

  3. Bekennt sech de Ministère zu engem Ausbau mat Hëllef vu méi klenge Flüchtlingsstrukturen, wou d’Leit méi individuell gehollef kënne kréien, fir esou Zoustänn wéi am Foyer zu Miersch, déi vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kloer denoncéiert gi sinn, ze vermeiden?

  4. Wat ass an den Ae vum Minister eng gutt Unzuel un Assistants sociauxen an Educateuren? Wéi vill Assistants an Educateuren sollen op 100 Persounen mat BPI respektiv DPI Statut kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7525

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt