Aus dem Koalitiounsaccord – Comité interministériel fir eng besser Loftqualitéit

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vun engem interministerielle Comité vir, deen sech mat der Loftqualitéit hei zu Lëtzebuerg beschäftege soll. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1.  Gouf esou ee Comité agefouert?

  2. Wa jo, wéi oft huet sech dëse säit senger Grënnung getraff?

  3. Wa jo, wéi eng Ministèren oder Administratioune si Member vum Comité?

  4. Wa jo, goufen och extern Experten zu deem Sujet an de Comité fir Sitzungen invitéiert? Ëm wien handelt et sech?

  5. Wa jo, huet de Comité Rapporte verëffentlecht zu senge Sitzungen a wou si se ze fannen?

  6. Wann nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8229

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt