Atomwaffen Traité – wéi brengt Lëtzebuerg sech mat an?

Lescht Woch komm d’Nouvelle, dass Russland nees Nuklearwaffen teste wëll. De Wladimir Putin huet den internationale Vertrag gekënnegt, deen Tester vun Atomrakéite verbitt. Lëtzebuerg huet den Atomwaffeverbuetsvertrag (TPNW) bis haut net ënnerschriwwen a ratifizéiert. Lëtzebuerg huet d’UN Resolutioun “Addressing the legacy of nuclear weapons: providing victim assistance and environmental remediation to Member States affected by the use or testing of nuclear weapons” vum 12.10.2023 23-19839 matgestëmmt. Lëtzebuerg huet den Treaty on the Non-Proliferation of Nuclear Weapons (NPT) ratifizéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mengen Informatiounen no sinn ëmmer méi NATO Länner drun intresséiert op mannst als Observerateuren op d’Meetings of State Parties vum TPNW ze goen. Wäert Lëtzebuerg och ee Vertrieder op déi nächst Meetinge schécken?

  2. Huet Lëtzebuerg an der Vergaangenheet Vetrieder op dës Meetinge geschéckt? Wa jo, wat war de Fazit vum leschte Meeting un deem mir Deel geholl hunn?

  3. Am August war déi éischt Conference of the Parties to the Treaty on the Non-Proliferation of Nuclear Weapons (NPT), déi soll déi grouss Konferenz vun 2026 preparéieren. Laut Speaking List huet sech Lëtzebuerg hei net zu Wuert gemellt (https://meetings.unoda.org/npt-/treaty-on-the-non-proliferation-of-nuclear-weapons-preparatory-committee-for-the-eleventh-review-conference-first-session-2023).
    • War Lëtzebuerg bei dësem Treffen dobäi?
    • Wa nee, firwat net?
    • Wäert Lëtzebuerg beim nächsten Treffen dobäi sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 15

Zesummenhang posts

Am Chômage ze sinn ass fir vill Leit eng psychologesch an existenziell Belaaschtung, woubäi d’mental Gesondheet vun de Betraffene op d’Prouf gestallt gëtt. Et
Virun Joerzéngte gouf zu Lëtzebuerg eng Zort Biber mam Numm Nutria importéiert, deen zënterhier Deel vun eiser Ëmwelt ass. An engem Wort-Artikel vum 10te
An der Äntwert op meng Fro n°1971 iwwert d’Versteeë vun Immobilien goung ervir, datt zanter 2019 insgesamt 1.364 Immobilien op ëffentleche Steeën verkaaft goufen.Am