Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Atomstroum-Mix

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun de Piraten (n°135) hat d’Regierung erkläert, dass Lëtzebuerg a sengem Stroumix, dee mir am Ausland kafen, och Atomstroum matkeeft. Den nationale Stroummix hat deemno 2018 nach zu 10,4% aus Atomstroum bestanen. 

Eng Motioun vun eis fir een Enn vum Atomstroum an eisem Stroummix vum Abrëll 2021 war an déi zoustänneg Chamberskommissioun verwise ginn, wou den deemolege Energieminister erkläert huet, dass d’Regierung een anere Wee wéilt goen. 

Den 21te Mäerz huet den Premier um Atomenergie-Sommet erkläert, dass dës Regierung wéilt, datt weider an d’Entwécklung vun der Atomenergie investéiert gëtt an déi nuklear Fuerschung misst ënnerstëtzt ginn, och mat EU-Gelder.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech den “mix residuel” an deene leschte 5 Joer entwéckelt?
    Kann de Minister hei Zuelen opgeschlësselt no Energiesource a Prozenter nennen?

  2. Ass dës Regierung oppen, fir an Zukunft méi Atomstroum anzekafen?
    Akzeptéiert dës Regierung, wann an Zukunft méi Atomstroum an eisem Stroummix wäert landen?

  3. Ass dës nei Regierung net méi der Meenung vun hirer Virgänger-Regierung, datt Investissementer an Atomenergie dofir suergen, datt manner Geld un déi richteg nohalteg Energië fléiss, ewéi d’Solar- an d’Wandenergie?

  4. Eisen Informatioune no waren och Vertrieder vun der Banque européenne de l’investissement um Atomenergie-Sommet. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’BEI sollt an Atom-Projeten investéieren? Wa jo, géif d’BEI dee Moment méi Geld kréien oder géifen aner Projeten dofir fale gelooss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 524

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll