Atomendmülllager an der Belsch

De 15te Mee 2018 huet d’Chamber de Gesetzesprojet n°7177 eestëmmeg ugeholl, dee zum Gesetz vum 6te Juni 2018 gouf. Mat dësem Gesetz gouf den Accord tëscht dem Grand-Duché an der Belsch betreffend der Gestioun an dem definitive Stockage vu radioaktiven Offall vu Lëtzebuerg um Territoire vun der Belsch. D’Artikelen 2 a 7 vum bilateralen Ofkommes mat der Belsch hale Folgendes fest:
“”Les déchets radioactifs luxembourgeois conditionnés seront entreposés en Belgique jusqu’à leur stockage définitif dans les respects de la réglementation belge en vigueur.”

“Le Grand-Duché de Luxembourg s’engage à couvrir tous les coûts occasionnés sur le territoire belge en exécution de l’article 2. […] Le Grand-Duché de Luxembourg s’engage à s’acquitter de toutes les redevances présentes et futures pour la gestion à long terme sur le territoire belge des déchets radioactifs luxembourgeois qui font objet de cet accord, conformément au cadre règlementaire en vigueur en Belgique.»””

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2197 hat d’Ministesch deemools erkläert, dass d’Regierung alles ënnerhuele wäert, fir dass keen Atommüll-Endlager op d’belsch-lëtzebuergesch Grenz wäert kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen et zënter dem leschte Joer weider Gespréicher mat de belschen Autoritéiten iwwert d’Ariichte vun engem Atommüll-Endlager op der belsch-lëtzebuergescher Grenz?

  2. Wéi eng weider Schrëtt huet d’Regierung zanterdeem ënnerholl, fir keen Atommüll-Endlager op d’Grenz ze kréien? Hunn dës Moossnamen iergendwellech nennenswäert Fortschrëtter mat sech bruecht?

  3. Rechent d’Regierung domadder, dass d’Belsch am Endeffekt manner oder keen Atommüll op laanscht Grenz deponéiere wäert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5525

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt