Asylunträg vu syresche Staatsbierger

Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister Léon Gloden bestätegt huet. Aktuell sinn et der 864 Ufroe vu syresche Staatsbierger op internationale Schutz déi den 31. Dezember 2024 a Beaarbechtung waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang erwaart d’Regierung datt dës temporär Aussetzung vun Asylunträg aus Syrien unhält? Wéi eng Krittäre gi geholl fir eng Decisioun ze huelen?

  2. Wéi eng konkret Moossnamen si geplangt fir déi aktuell 864 Asylunträg aus Syrien, déi an der Schwief sinn, ze behandelen? 

  3. Wéi ginn d’Rechter an d’Sécherheet vun de syresche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an dëser Zäit garantéiert? 

  4. Plangt d’Regierung zousätzlech Ressourcen an den Accueil z’investéieren, fir déi eenzel Fäll besser a méi séier ze begleeden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1757

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen