Am Kader vun der Assurance dépendance gëtt et d’Méiglechkeet vun de sougenannte Prestations en espèces. Dobäi handelt et sech ëm Geld vum Staat fir ee Mënsch, deen sech all Woch ëm eng Persoun këmmert, déi op zousätzlech Hëllef ugewisen ass. Bei de Prestations en espèces ginn et fest Montanten, déi sech no der Zäit riichten, déi dës Aide pro Woch mat der fleegebedierfteger Persoun verbréngt. De klengste Forfait ass de Forfait 1 vun 12,50 Euro pro Woch, wann d’Aide manner wéi 61 Minutte pro Woch assuréiert. Den héchste Montant ass de Forfait 10 vun 262,50 Euro d’Woch, wann d’Aide 541 Minutten oder méi pro Woch assuréiert. Et ass eis zougedroe ginn, dass Bénéficiairen opgrond vun den aktuelle Präissteigerungen mussen zousätzlech Suen aus eegener Täsch un hir Aiden bezuelen, well dës opgrond vu méi héije Käschten, fir zum Beispill Sprit, méi Sue fir hir Servicer froen, wéi d’Forfaite virgesinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi ginn dës Forfaiten ausgerechent?
-
Sinn an dëse Forfaiten och Dépensen, wéi zum Beispill d’Käschte vum Sprit fir den Déplacement, mat agerechent?
-
Wéini sinn dës Forfaite fir d’lescht ugepasst ginn?
-
Sinn dës Forfaiten un den Index gebonnen? Wa nee, firwat net?
-
Lëtzebuerg kämpft aktuell mat enger héijer Inflatioun. Wäerten d’Forfaiten dowéinst innerhalb vun den nächsten Méint un dës Präissteigerungen ugepasst ginn? • Wa jo, wéini? • Wa nee, firwat net?
QP Nummer 7204