Ass genuch Plaz an eisen Déierenasyler?

A menger virrechteger Fro (n°148) huet d’Regierung mer d’Zuelen u Subsiden an aneren Hëllefen, déi Déierenasyler zu Lëtzebuerg kréien, konnte nennen. Dëst waren Déierenasyler zu Gaasperech, zu Diddeleng, zu Esch an zu Schëffleng. Fir kënne festzestellen, ob dës Hëllefen duer ginn, muss een natierlech och d’Auslaaschtung vun den Asyler an de leschte Joeren kennen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Kapazitéiten hunn déi genannten Déierenasyler (opgeschlësselt no Déierenaart)?

  2. Wat war am Schnëtt d’Auslaaschtung vun den Asyler iwwert déi lescht 3 Joer gekuckt (opgeschlësselt no Mount)?

  3. Wéi vill Déiere konnten an de leschten 3 Joer vun den Asyler vermëttelt ginn (opgeschlësselt no Déierenaart)?

  4. Ass d’Ministesch der Meenung, dass et weider Asyler zu Lëtzebuerg brauch? 

  5. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Kapazitéiten an de bestoenden Asyler kuerz- a mëttelfristeg gesinn héisch genuch sinn?

  6.  Si weider Asyler geplangt? Wa jo, wou?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 334

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen