Den 28ten Februar koum d’Regierung mat den Energieliwweranten zesummen, fir beim sougenannten Energiedësch, Léisunge fir déi steigend Energiepräisser ze fannen. Dës Mesurë goufen duerno op enger Pressekonferenz virgestallt. Esou sot den Energieminister an deem Kontext : “De privat Haushalt, deen huet a sengem End-Gaspräis Netzkäschten, en huet puer aner Taxen asw an en huet de Präis vum Marché. De Präis vum Marché explodéiert an deen ze reegelen, dat ass onméiglech. Dat wat mer elo maachen, dat ass d’Netzkäschte fir Haushalter, déi Gas hunn, déi senke mer erof op null. An doduerch kënne mer quasi bis zu 500 Euro aspuere bei engem Duerchschnëttshaushalt.”(Source: RTL Artikel vum 28ten Februar)”
Am Communiqué zu dësem Thema heescht et vu Säite vun der Regierung:
“3. Gaz: Subvention des frais de réseau Le prix du gaz naturel pour les clients résidentiels va être substantiellement réduit par la prise en charge temporaire par l’Etat des frais de réseaux. Ces frais de réseaux, qui contribuent au financement des réseaux de gaz, représentent une part importante du prix final du gaz naturel.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi stellt sech dës vum Minister genannten Zuel vun 500€ zesummen?
-
Wéi staark variéieren d’Netzkäschten tëscht de Stéit? Wat ass de Minimum, Stand vun de Netzkäschten haut, deen een Haushalt duerch dës Mesure wäert aspueren? Wat ass de Median? Wat ass de Maximum op deen een Haushalt kann hoffen?
-
Wéi vill Prozent maachen d’Netzkäschte par rapport zu de gesammte Gaskäschte bei engem Duerchschnëttshaushalt aus?
QP Nummer 5856