Héich Stroumpräisser: wéi geet et mat den Aspeisetariffer weider?

Ufanks vun dësem Joer sinn d’Stroumpräisser fir d’Clienten an d’Luucht gaangen, dëst trotz dem Präisdeckel, dee wahrscheinlech Enn vun dësem Joer kéint auslafen. An den Donnéeën vun Eurostat gesäit een effektiv, dass d’Stroumpräisser an Europa zënter der Invasioun vun der Ukraine duerch Russland geklomme sinn.

Stéit, déi eng Photovoltaikanlag hunn an hire Stroum an d’Stroumnetz verkafen, kréien dofir vum Staat ee fixen Aspeisetariff. Et koum awer nach keng Annonce vun der Regierung, dass trotz steigenden Stroumpräisser den Aspeisetariff fir d’Leit och géif an d’Luucht goen. CSV an DP hunn am Koalitiounsaccord festgehalen:
“Le Luxembourg renforcera ses efforts de promotion des énergies renouvelables en accélérant le développement des secteurs de l’énergie éolienne et photovoltaïque, tout en assurant la pérennité du mécanisme de subsides et d’appels d’offres pour l’énergie photovoltaïque. […]”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Regierung den Aspeisetarif fir de Stroum no uewen upassen, fir de Bau vu Solaranlagen fir Privatstéit weiderhin interessant ze halen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 417

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt