Asaz vu Schallwaffen op den EU-Baussegrenzen

DW News huet den 2ten Juni ee Video publizéiert, dee weisst, wéi griichesch Grenzpatrullen Schallwaffen (LRAD) géint Migranten asetzen. Schallwaffen (eng. ‘Sound Cannon’) ginn a Länner wei den USA schonn zenter iwwert 10 Joer benotzt, notamment fir Protester opzeléisen. Am Fall vu Griichenland schéngen dës “Sound Cannons” u Gefierer vun der Police montéiert ginn ze sinn. Laut engem Vertrieder vun der griichescher Police ass d’Haaptzil vun dëse Waffen, “ze verhënneren dass Migranten illegal an d’Land kommen”. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister ausschléissen, dass EU-Organisatioune wéi Frontex dës Schallwaffe benotzen?

  2. Huet de Minister Kenntnis driwwer, ob fir den Akaf vun dëse Waffen EU-Gelder genotzt goufen?

  3. Ass d’Notze vun esou Schallwaffe géint Persounen, déi an d’Land wëllen areesen, compatibel mat EU-Recht?

  4. Laut AP sinn op der griichescher Grenz, méi wéi eng Doze Projete fir Grenzkontrollen an Iwwerwaachung vu Chercheuren a private Firmen aus ganz Europa getest ginn:

“Palm scanners record the unique vein pattern in a person’s hand to use as a biometric identifier, and the makers of live camera reconstruction technology promise to erase foliage virtually, exposing people hiding near border areas. Testing has also been conducted in Hungary, Latvia and elsewhere along the eastern EU perimeter.”  

Huet de Minister Kenntnis vun dëse Projeten? Wéi steet d’lëtzebuergesch Regierung zu dëse Projeten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4397

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen