Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten am Irak- d’Pirate soen Nee!

Den 20ten September huet de Verdeedegungsminister an enger gemeinsamer Kommissiounssëtzung den Deputéierten seng Pläng fir den Asaz vu Lëtzebuerger Truppen am Irak virgestallt.

 

Am Kader vun der NMI (NATO) Missioun am Irak, solle Membere vun der Lëtzebuerger Arméi iwwert 25 Méint laang stationéiert sinn. 1 bis 5 Lëtzebuerger Zaldote sollen sech gläichzäiteg am Land ophalen.

Vu Säite vum Ministère heescht et: « Le but est de renforcer les institutions et les forces de sécurité de l’Irak afin qu’elles puissent empêcher le retour de l’EIIL (État islamique en Irak et au Levant), combattre le terrorisme et stabiliser le pays. » De Ministère seet awer och, dass d’Situatioun am Irak  onstabil wier.

Den 8te Juli huet de Regierungsrot scho säin Accord ginn. Et ass also unzehuelen, dass d’Lëtzebuerger Arméi deemnächst wäert Zaldoten an den Irak schécken.

 

D’Piraten hunn an der Kommissioun géint dësen Asaz gestëmmt. D’Situatioun am Irak ass onstabil an eis Leit um Terrain si permanent  der Gefor vun terroristeschen Uschläg ausgesat.

Nodeems d’Missioun vun de westlechen Truppen am Afghanistan am August opgebrach gouf an d’Taliban d’Muecht iwwer Land a Leit iwwerholl hunn, sollt de Westen sech selwer, an d’Aart a Weiswéi Militärmissiounen duerchgefouert ginn, a Fro stellen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt