Asätz wéinst Freedefeier

Virun net allze laanger Zäit war et gudde Brauch, dass op der Silvesternuecht d’Bierger dat neit Joer mat engem private Freedefeier begréisst hunn. Dëse Brauch gouf an de leschte Jore reviséiert, sief et aus Grënn vum Déiereschutz, der bannenzeger Sécherheet oder aus anere Grënn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis zum privaten Ofschoss vu Freedefeier? 

  2. Wéi vill Asätz goufen et an de vergaangene fënnef Jore bei der Police an dem CGDIS a Verbindung mat Freedefeier um Silvesterowend? 

  3. Wéi vill Fäll goufen et, dass Hausdéieren um Silvesterowend fortgelaf sinn?

  4. “In der Silvesternacht ist aufgrund eines Feuerwerkskörpers in einem Gebäude in der Nähe des Auchan in Differdingen ein Brand ausgebrochen.”

    Wéi eng Hëllef kréien Proprietairen, déi net doheem waren, an esou Fäll vum Staat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1721

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt