Zanter dem 29.01.2021 mussen Areesender aus dem Net-EU-Ausland ee Schnelltest um Findel maachen. Elo kann et virkommen, dass den Passagéier keen Direktvol aus dem Ausland op de Findel huet, mee dotëscht een Tëschestopp aleet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Am Fall wou eng Persoun d’Rees bei enger Airline bucht (direkt Vol oder mat ëmsteigen) huet Douane d’Accès zu dëser Informatioun iwwert den Dossier passager (PNR). An dësem ass notéiert, wou d’Rees vun dëser Persoun ugefaangen huet. Kontrolléiert Douane iwwert de PNR, bei Flich aus dem EU-Ausland, op sech ënnert de Passagéier och Persoune befannen, déi an der EU nëmmen een Tëschestopp ageluecht hunn?
-
Ginn dës Persounen der Douane scho virun der Arrivée vum Fliger um Findel iwwermëttelt oder mussen si sech selwer bei der Douane mellen?
-
Ass d’Teststatioun um Findel all Dag prett, och am Fall wou u sech deen Dag kee Vol aus dem Net-EU-Ausland geplangt ass, fir dës Passagéier trotzdeem ze testen?
-
Krut Douane zu dësem Thema Consignë vun den zoustännege Ministeren? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 3576