Apprentissage adulte

Wann eng Persoun am Apprentissage adulte säin DAP gepackt huet an sech besser Chancen am Beruffsliewe well erschaffen, kann en och nach den Diplome vum Technicien maachen. Do muss een dann am Normalfall op enger Deuxième ufänken. Wéi verschidde betraffe Schüler a Schülerinnen erkläert kruten, kéint een angeblech d’Deuxième iwwersprangen an direkt op der Première ufänken, wann een d’Mentioun “excellent” erreecht hätt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Aspekter gi fir déi erwäänten Mentioun “excellent” gekuckt, fir dass eng Persoun d’Deuxième kann iwwersprangen? Sinn dat zum Beispill d’Notten aus alle Fächer, déi dofir gekuckt ginn, oder bezitt sech dës Mentioun just op eng Selektioun vu Fächer?

  2. Déi entspriechend Course kënnen aktuell nëmmen am Lycée zu Lalleng gemaach ginn. Ass de Ministère gewëllt do eppes ze änneren, fir dass des Coursen och an aneren, méi zentral geleeënen Lycéeë kënne stattfannen?

  3. Aktuell ass et virgesinn, dass een d’Deuxième à temps complet muss maachen an nëmmen d’Première kann am concomitant gemaach ginn. Ass de Ministère gewëllt do eppes ze änneren an och d’Deuxième genau wéi d’Première am concomitant unzebidden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7099

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat