Apple ënnersicht d’Daten vu sengen Notzer

Den Internetgigant Apple huet am Kader vum Kampf géint kannerpornographesch Inhalter elo zouginn, dass si säit 2019 d’E-Maile vun hiren Notzer iwwert d’iCloud automatesch mat hirer Datebank ofgläichen. Bei engem Verdachtsfall gëtt d’Email dann un een Employée wiedergeleet, deen dës iwwerliest: “”As part of this commitment, Apple uses image matching technology to help find and report child exploitation. Much like spam filters in email, our systems use electronic signatures to find suspected child exploitation. We validate each match with individual review.” ” De 5ten August dëst Joer huet d’Firma dann ugekënnegt, d’Inhalter vu Fotoen a Messagen net méi nëmme just op der iCloud, mee direkt op de Geräter ze scannen an ofzegläichen (dëst vir d’éischt an den USA). Dëse Schrëtt gëtt vun Dateschützer a Mënscherechtsorganisatioune wéi dem US Human Rights Watch kritiséiert, well d’Technologie, déi zum Asaz kënnt, och ka fir aner Zwecker, wéi zum Beispill d’scannen no sensibelen Daten an d’Sich no politesche Géigner mëssbraucht ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Notzen d’Ministeren d’iCloud fir berufflech Zwecker? Ware si sech bewosst, dass d’Firma d’Inhalter op der Cloud mat hirem Programm ofgläicht?

  2. Wéi stinn d’Ministeren zu den am August annoncéierte Pläng vun Apple? Wäert dëst een Afloss op hire Gebrauch vun Telefonen an anere Geräter hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4910

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt