Apparater fir Mammografië vun Hygie

Wéi den 100,7 gemellt huet, gouf no enger Entrevue mat de Responsabele vum Radiologiezenter Hygie ee Verbuet fir d’Notzung vum Apparat fir Mammografien decidéiert. Patient:innen, déi schonn e Rendez-vous haten, géifen elo un déi véier Klinicke verwise ginn.

Aktuell ginn et hei am Land nach ëmmer grouss Retarde bei de Rendez-vousen fir Mammografien an de Spideeler, soudass et fir vill Leit interessant war, trotz de méi héije an net vun der CNS rembourséierbare Käschten ee Rendez-vous bei Hygie ze huelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat geschitt elo mat dem Apparat fir Mammografië vun Hygie?

  2. Ass eent vun de Spideeler hei am Land dorun interesséiert, fir den Apparat direkt ze iwwerhuelen, fir esou d’Offer vu verfügbaren Terminer héich ze halen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 467

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt