Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion d’une interface unifiée en matière d’échange de données passagers dans le domaine de la sécurité” ënnerschriwwen. D’Zil vum GIE war et, eng “Passerelle unique informatique”, genannt “API-PNR Gateway”, op d’Been ze stellen, déi et erlabe soll, API-Daten (“Advanced Passenger Information”) an PNR-Daten (“Passenger Name Record”), déi beim Fluchverkéier erhuewe ginn, méi einfach ze traitéieren a weiderzeleeden. D’Plattform sollt zu Lëtzebuerg genotzt ginn, mee och un aner Staate verkaf gi bei Interessi.
Och op EU-Niveau gëtt un esou Systemer geschafft. An zwou rezenten EU-Proposë fir d’Harmoniséierung vun der Sammlung an der Iwwermëttlung vun API-Daten (COM(2022)731 an COM(2022)729) geet dovu riets, dass d’eu-LISA (European Union Agency for the Operational Management of Large-Scale IT Systems in the Area of Freedom, Security and Justice) fir d’Memberstaate soll d’Entwécklung, den Hosting an d’technesch Verwaltung vun engem “Router” fir d’Iwwermëttlung vun API-Daten iwwerhuelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wou sinn d’Aarbechten um Gateway drun?
Ass de System schonn operationell?
Falls jo, a wéi enge Länner? -
Wéi vill huet de Staat, dee 75% vun de Parte vum GIE hält, an d’Entwécklung vum API-PNR Gateway investéiert?
-
Awéifern ënnerscheet sech dee vun der EU geplangte System vum lëtzebuerger Gateway?
-
Wäert de gemeinsamen europäesche Router dee vum GIE entwéckelte Gateway iwwerflësseg maachen?
QP Nummer 7797