Äntwert zu eiser Fro iwwert de Schantjen op der Péitenger Collectrice

Mir goufen zu Péiteng vu Leit kontaktéiert, déi sech iwwert d’Signalisatioun an d’Spuer vum Schantjen op der Péitenger Collectrice beschwéiert hunn. Zu Recht: de Schantjen ass net gutt markéiert a riskéiert, zu Accidenter ze féieren.
D’Äntwert vum Minister op eis parlamentaresch Fro “De Schantjen ass konform signaléiert an och duerch Clignotanten esouwuel daagsiwwer ewéi och nuets gutt siichtbar.”
Mir sinn enttäuscht, dass d’Baustell net aus der Perspektive vum Automobilist gekuckt gouf an d’Sécherheet vun de Leit net consideréiert gëtt.
Passt wann ech gelift op Iech op, wann Dir hei laanscht fuert!

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen