Ännerung vun der Flüchtlingskonventioun

An engem rezenten Artikel vum “The Times” gëtt bericht, dass d’EU eng fundamental Ännerung vun der Flüchtlingskonventioun vun 1951 plangt. Dëst Dokument, dat no dem Zweete Weltkrich ausgeschafft gouf a vun 144 Länner ënnerschriwwe gouf, definéiert d’Basisrechter vu Flüchtlingen, dorënner de Prinzip vum “non-refoulement”.

Laut dem Artikel gëtt et e Pabeier, dat vu Polen ausgeschafft a vun den EU-Inneministeren diskutéiert gouf, wat eng méi breet Interpretatioun vun den Ausname vum Asylrecht proposéiert. Dëst kéint grondsätzlech Auswierkungen op d’Asylpolitik an der EU hunn, besonnesch am Kontext vun der Ofleenung vu Flüchtlingen un de Grenzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun huet d’Lëtzebuerger Regierung zu de Propositiounen, d’Flüchtlingskonventioun vun 1951 ze reforméieren, a wéi steet si zu de Virschléi vu Polen?

  2. Gouf d’Lëtzebuerger Regierung schonn an d’Diskussiounen agebonnen, déi der Press no tëscht den EU-Inneminister stattfonnt hunn, a wa jo, wéi eng Positioun huet si do vertrueden?

  3. Wéi evaluéiert d’Regierung d’Kompatibilitéit vun dëse Propositioune mat den europäesche Mënscherechtskonventiounen an dem Lëtzebuerger Asylrecht?

  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’aktuellt internationaalt Asylrecht nach zäitgeméiss ass, respektiv wéi eng Reformen hält si fir néideg, ouni déi fundamental Mënscherechter a Fro ze stellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1886

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen