3 Polizisten doheem wéinst Net-Androe vun Informatiounen am LBR ?

Fir ASBLen, grad ewéi Entreprisen, gëllt d’Flicht, fir sech am LBR androen ze loossen an do reegelméisseg d’Bénéficaires effectifs an d’Bilanen ze hannerleeën. Am Fall, wou dëst net gemaach gëtt, si Strofe virgesinn. Mir ass an dësem Kader ee Fall zougedroe ginn, laut deem de President vun enger Asbl doheem vun der Police opgesicht gouf an an de Policebüro convoquéiert gouf, well d’Bénéficairen net kommunizéiert gi waren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Ministesch d’Prozedur vun der Ausstellung vun enger Amende am Kader vum Net-Respekt vum Gesetz vum 13ten Januar 2019 nach eng Kéier erklären?
  2. Fannen d’Ministeren et proportionell, dass 3 Poliziste bei de President vun enger Asbl heem geschéckt ginn, wéinst enger Irregularitéit am LBR?
  3. Sinn d’Ministeren der Meenung, datt esou eng Ëmsetzung – wéi an der Intro beschriwwen – vum Gesetz 13ten Januar 2019, d’Attraktivitéit vum Benevolat schiedegt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6675

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt