Analyse zur legaler Basis fir extern Mataarbechter vun de Formatiounszentere am Sport

Am Avis zum Projet de règlement vum Conseil d’Etat vum 11te Juli 2023 steet ze liesen:
“”le règlement en projet est basé sur l’article 8 de la loi modifiée du 21 juillet 2012 […] ainsi que sur l’article 4, paragraphe 6, de la loi modifiée du 3 août 2005 […] En ce qui concerne l’article 4 paragraphe 6, de le loi précitée du 3 août 2005, le Conseil d’Etat constate que notamment les nouveaux alinéas […] visent à servir de base légale aux indémnités prévues par le règlement en projet sous avis.””

Laut dem Avis vum Staatsrot gouf et also virdrun keng legal Basis zu den Indemnitéiten fir extern Mataarbechter vun de Formatiounszentere. Dëst misst also geschaf ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf am Sport- respektiv am Finanzministère eng intern Analys zu der Base légale vun den Indemnitéite fir extern Mataarbechter vun de Formatiounszentere gemaach? Wa jo, gëtt et heizou eng Note iwwert d’Resultater vun dëser Analys?

  2. Ass de Contrôle financier mat enger Analys saiséiert ginn a wat ass am Avis vum Contrôle financier erauskomm? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 552

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt