Ambassaden

Ambassaden erlaben et engem Land seng eege Strategie an och seng eege Positioun an engem anere Land ze vertrieden. Gläichzäiteg kennen duerch si international Relatiounen opgebaut an d’Interesse vum Land a vu senge Biergerinnen a Bierger besser vertruede ginn.Ambassaden erlaben et lëtzebuergesche Firmen doriwwer eraus, duerch hiert qualifizéiert Personal, méi einfach Zougang zu frieme Mäert ze kréien, an hëllefen Firmen aus dem Ausland op Lëtzebuerg ze lackelen. Esou spillen Ambassaden nieft dem reng diplomatesche Volet och eng ekonomesch Roll an erméiglechen et esou, eis Ekonomie ze diversifizéieren.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Ausseminister dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Ambassadë vun EU-Partner (EU27) si pro Land, an deem Lëtzebuerg keng Ambassade huet, vertrueden?
  • Opgeschlësselt no Ambassade, a wéi ville Länner ass déi jeeweileg lëtzebuergesch Ambassadrice, bzw. dee jeeweilegen Ambassadeur, als “non-résident” akkreditéiert?
  • A wéi enge Länner gesäit de Minister eng Prioritéit, fir eng lëtzebuergesch diplomatesch Missioun opzemaachen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene