Altersgrenze fir dem Emgaang mat Waffen

Mam Gesetz vum 20te Januar 2022 gouf, wat d’Konditiounen ugeet, wat de Besëtz an d’Notzung vu Waffen berëfft, nogebessert. Verschidde Proposen aus dem Originaltext goufen allerdéngs net an dat schlussendlecht Gesetz iwwerholl. Esou zum Beispill eng Erhéijung vum Mindestalter fir d’Notzung vu Waffen. Kanner ab 11 Joer kënne mam neie Gesetz elo Sportswaffen notzen. Ee Waffeschäi kann ab 16 Joer ugefrot ginn.  Op der anerer Säit ginn et verschidde Videospiller, oft First-Person-Shooter, wou de Spiller ka mat Waffen op Saachen, Mënschen oder Déiere schéissen. Dës Spiller sinn oft eréischt ab 16 respektiv ab 18 Joer zougelooss.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit d’Ministesch d’Proportionalitéit tëscht dem digitalen Asaz vu Waffen an dem Realen? Misste fir den Asaz vu Waffen net mindestens grad esou streng Reegele gëlle wéi fir d’Notzung vu verschiddene sougenannte First-Person-Shooter-Videospiller?

  2. Wäert d’Waffegesetz een Impakt op d’Alterslimitte vun de Videospiller hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5573

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt